Owendiessen am Hotel Restaurant DAO zu Feiz
Ech muss agestoen , bei waitem , mat daat bescht , waat ech dei laescht Joeren giess hun , bei engem Chinese..
Vun A-Z waar deen Owend einfach alles top !
Den Service waar excellente , frendlech , sympathesch an vum Rythmus hier einfach gudd.
Maer waaren zu 3 ennerwee , an haaten folgendes bestallt :
Apéritif - Entrée - Plat - eng Fläsch rouden chileneschen (net chinesech 😂) Wain - Dessert - Digestif ( op d‘Haus enneraanerem , well jiddereen haat 3 Saké um Enn kritt)
Entrées : Croquettes Impériale
Plats : 3x Int - engkeier Thailännesch an zweemool à la sauce DAO
Desserts : 2x Tiramisu & 1x Beignet flambée
Op den Fotoen as alles ze gesin waat et gouf..
Qualiteit einfach eng 1 mat 🌟 Quaniteit , gouf och guer net gespuert , an vum prais aus hier gefillt ze schein fier wouer ze sin (geigeniwwer aaneren Plaatzen)
Definitiv ze empfeelen , an do waert een mech lo oefters gesin , wann ech Loscht op asiatesch Kiichen hun 😁
Am Endeffekt hun maer d‘Rechnung duerch 3 gedeelt , an haaten 60€ op den Kapp ! (Inkl. Gedrenks)